Wichteg Info!

Mir bieden iech, eis fir all Visite ze kontaktéieren an ee Rendez-vous ze huelen. Dëst aus Sécherheetsgrënn. Mir soen iech elo scho villmools merci fir äert Versteesdemech.

 

Äeren pädagogeschen Bauerenhaff

Aktivitéiten fir Gruppen

Mir bidde Gruppe vun allen Alter d'Méiglechkeet, Natur an d'Landwirtschaft mat alle Sënner ze erliewen. Ob Schoulklassen, Crèchen, Maison-Relaisen, Senioregruppen, Gruppe mat beanträchtegte Persounen, asw. Ob Ufro, kucke mir zesumme wat mir iech bei ärer Visite kenne vu Programm ubidden. Fir weider Informatioune kennt dir iech gäre bei eis mellen.

Visiten um Haff

Eng guidéiert Visite um Haff ass natierlech och méiglech, wou mir iech duerch d'Ställ an d'Hale feieren. Wei och déi eng oder aner Stënnche mat der Famill ob de Bauerenhaff luusse kommen. Hei gesitt dier wei eng Maschinnen de Bauer huet, wei bei eis d'Kéi gefiddert ginn a wou se schlofen. Fir weider Informatioune kennt dir iech gäre bei eis mellen.

Kannergebuertsdeeg

Gebuertsdag mol anescht - Dier wëllt ärem Kand e flotte Gebuertsdag organiséieren, da bidde mir iech un, d'Party bei eis um Bauerenhaff ze maachen. Jee no Alter, Joreszäit an Unzuel vu Kanner plange mir d'Aktivitéite fir d'Party vun ärem Kand. Fir weider Informatioune kennt dir iech gäre bei eis mellen.

Flyer Gebuertsdag Png

Bild – 400,9 KB 284 Downloads

Flyer Gebuertsdag 2 Png

Bild – 414,7 KB 232 Downloads

Organiséiert Aktivitéiten fir Kanner

Reegelméisseg ginn Aktivitéiten iwwer Facebook an Instagram publizéiert, wou dier är Kanner kennt umellen. Do steet da genau drop wat mir an der gewëssener Zeit maachen a wat d'Kanner brauchen. Des Aktivitéite sinn ouni d'Elteren. Fir weider Informatioune kennt dir iech gäre bei eis mellen.

Haff Entdeckung Pdf

PDF – 364,0 KB 133 Downloads

Mini Bauer Pdf

PDF – 1,4 MB 138 Downloads

Präisser

Präisser stinn op de Flyeren.