Wéi alles ugaangen ass...
Säitdeem ech kleng si war ech ëmmer mega begeeschtert vun Deieren. Ech sinn ob engem Duerf grouss ginn an och ëfters mat de Bauere mam Trakter matgefuer. Bei eis am Duerf ass et deemools och ee pädagogesche Bauerenhaff gi wou ech an alle Schoulvakanzen extra fréi opgestane sinn, fir do kennen ze hëllefe wa Gruppen empfaange ginn sinn. Well d’Aarbecht mat de Kanner an Erwuessene mir ëmmer eppes gesot huet hunn ech Erzéierin geleiert wou ech 2014 ofgeschloss hunn. Voller Begeeschterung sinn ech schaffe gaangen a wollt mech trotzdeem weiderbilden an hunn dunn am Joer 2020 decidéiert, nieft der Aarbecht nach de "Educateur gradué" ze studéieren, den ech am Joer 2023 mat engem Bachelor ofgeschloss hunn. Wei den Zoufall du war hunn ech wärend dem Studium mäi Mann kennegeléiert, de Bauer ass. 2024 hunn ech d’Formatioun „Bauernhofpädagogik“ gemaach, an elo kenne mir eis als „zertifizéierte pädagogesche Bauerenhaff“ bezeechnen.


Eis Déieren

Mëllechkéi
Bei eis um Bauerenhaff liewe plus minus 200 Béischten dovunner 100 Kéi, dëst heescht dass déi gestrach gi fir eis Mëllechproduktioun, an em 100 Kaalwer a Ranner. Fir de Moment hu mir verschidde Rassen u Béischten, wou mir lues a lues awer wëllen op eng Rass wiesselen.

Hénger
Bei den Hénger ass et esou, dass ech Eeër am Brutkasten ausgebréit hunn, an ob Ouschteren d'Welt erbléckst hunn. Et si ganz verschidde Rassen, déi spéider och verschidde Faarwen un Eeër leen. Si liewen elo bei eis an 2 Voliairen a kenne sech mat de Geessen eng Wiss deelen.

Geessen
Dëst sinn Biby an Bonny, zwou Zwerggeessen, déi Enn Mäerz 2025 gebuer sinn an den 23 Juni 2025 bei eis geplënnert sinn. Déi zwee si ganz virwëlzeg, mee hunn Respekt vun eis grousse Mënschen.

Päerd
Fir de Moment nach net um Haff.

Eis Technik
Fir datt eis Mëllechkéi gutt versuergt sinn, a mir net méi all Moien an Owend stonnelaang am Stall schaffe mussen, hu mir puer Roboteren déi eis d'Aarbecht erliichteren. Dëst heescht net datt mir manner schaffen, me esou och mol anerer Aarbechte kenne gemaach ginn.
Dozou gehéieren:
- 2 Sträichroboteren
- 1 Fidderroboter
- 1 Botzroboter fir Spalten